Actualité

Rassemblement des Beaufort 2019

​Déi meescht Leit kënne sech nach un de Rassemblement des Beaufort, deen d’lescht Joer hei zu Beefort war, erënneren. Dëst Joer ass dat Treffen zu Beaufort am Département Isère an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes, déi zum Arrondissement Vienne gehéiert. Tëschen den zwee Beaufort leien eng 625 Kilometer an de Datum ass de Päischtweekend vum 8. bis den 10. Juni.

D’Arrivée zu Beaufort ass samschdes tësche 16 an 17 Auer virgesinn. No der offizieller Receptioun  gëtt d’Owesiesse bei der Gaaschtfamill zerwéiert an och do iwwernuecht. Den Dag drop sti moies dräi Visiten zur Auswiel: d’Uertschaft Saint-Antoine-l’Abbaye, La Côte-Saint-André an d’Kellereie vun der Chartreuse. Nom gemeinsame Mëttegiessen zu Viriville gëtt am Nomëtteg den traditionelle Maart mat de Produiten aus de verschidde Beaufort organiséiert. Den Ofschloss mécht owes eng Soirée dansante mat de Gaaschtfamilljen zu Beaurepaire. Sonndes ass nieft der Generalversammlung vun der Association internationale des Beaufort de ganze Moie fir Animatioun gesuergt. Kuerz viru Mëtteg geet d’Ofschlosszeremonie iwwert d’Bühn an nom Mëttegiesse ass de Retour ugesot.

Ewéi an de Jore virdru wäert Beefort sech och dëst Joer um Rassemblement des Beaufort bedeelegen a jiddereen ass invitéiert un der Jubiläumsausgab (et ass déi 25.) deelzehuelen. DenTransport op Beaufort ass gratis a weider Informatioune ginn et beim Jos. Nerancic (Tel. 83 60 45 30) op der Gemeng. Aus organisatoresche Grënn wier et gutt, wann déi interesséiert Leit sech géife virum 15. Mäerz mellen.