Actualité

Nei Bréck tësche Beefort an Haler

Zanter den Onwiedere vum 1. Juni d’lescht Joer ass d’Strooss tësche Beefort an Haler gespaart well d’Maueren op der Beeforter Säit komplett ewechgeschwemmt goufen an ee groussen Deel vum Gewölbe erausgerappt gouf. D’Halschent vun der Strooss ass och do zesummegefall.


Aus den Archive vun de Ponts et Chaussées geet ervir, datt d’Bréck aus dem Joer 1893 ass an zanterdeem normal ënnerhale ginn ass. Bei de regelméissegen Inspektioune goufe Setzungen a Rëss festgestallt. D’Mauere waren deelweis ënnerschwemmt an hu sech no baussen gedréckt. De Service regional huet op der Haler-Säit ee groussen Offloss gebaut fir d’Waasser vun der Strooss kontrolléiert ofzeleeden a soumat Erosiounen ze verhënneren.

Déi nei Bréck, déi elo gebaut gëtt, ass ee Cadre fermé aus arméiertem Beton a wäert rëm ee Gewölbe hunn. Dat ganzt Bauwierk gëtt och erëm mat Mauerwierk verkleet. Uewe kënnt ee Foussgängerwee bäi fir déi zwee Wanderweeër mateneen ze verbannen. Déi nei Bréck huet eng Längt vun ongeféier 20 Meter, eng Héicht tëschen 2,75 a 3,30 Meter an eng Ouverture vun 3,10 Meter.

D’Fondatioune vum Bauwierk gi bis bei Fligelmauere verlängert an eng Bèche soll verhënneren, datt dat Ganzt net méi ënnerschwemmt ka ginn. Dat ganzt Bauwierk läit och nach méi déif ewéi virdrun.

D’Aarbechte wäerte fir Mëtt Juli fäerdeg sinn an de Käschtepunkt läit bei ongeféier 1.350.000 Euro (TTC).

E puer Andréck vun der Plaz vum leschten Dënschdeg an haut Mëttwoch: