Evènement

Kultur a Musek

Date de création
-
Catégorie
Téléphone

​Déi berodend Kommissioun vun der Integratioun vun der Gemeng Beefort organiséiert e Samschdeg, den 2. Mäerz, ee Bus fir de “Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté” mam “Salon du livre et des cultures” an “ARTSmanif – Rencontres des cultures et des arts contemporains” ze besichen.

Gastronomie, Musek, Ausstellungen, Virträg, Konscht a Literatur sinn nëmmen e puer Themen erausgepickt, déi ugebuede ginn. Alleng beim Festival sinn eng 400 Stänn a beim Bicher- a Kultursalon eng 150 Exposanten vertrueden.

Weider Informatiounen zu de Manifestatioune ginn et um Internetsite vum Comité de liaison des associations d'étrangers www.clae.lu.

Den Départ ass um 13.30 Auer beim Kiosk an den Départ vun der Luxexpo aus ass um 18 Auer. D'Umellunge gi bis de 24. Februar ënnert den Nummeren 83 68 45 an 691 620 112 (Andreza Sanguessuga) ugeholl.