Actualité

Nei Vëlosstänner a keng Clôturen

Am Kader vun der doucer Mobilitéit, déi ëmmer méi ënnerstëtzt gëtt, huet d’Gemeng Beefort op sechs Plazen nei Vëlosstänner opgestallt. Zesumme mat der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) gëtt schonns eng Zäitchen un engem Gesamtkonzept fir d’Gemeng Beefort an Uschloss un dat nationaalt Vëlosnetz geschafft.   

Op Recommandatioun vun der LVI sinn déi nei Vëlosstänner aus Edelstol sougenannt “Anlehnbügel mit Knieholm”. Op den éischte Bléck gesi se net grad aus ewéi déi klassesch a bekannt Vëlosstänner, déi an der Tëschenzäit ee ganz groussen Nodeel hunn an doduercher och “Felgenkiller” genannt ginn. Hautesdaags sinn d’Vëloe vill méi grouss a bestinn aus méi empfindlechem Material ewéi Carbon zum Beispill. Duerch de verlagerte Schwéierpunkt kënnt et vir, datt d’Vëloen ëmfalen an dobäi d’Felge beschiedegen. Op engem Bigel kann op all Säit ee Vëlo ofgestallt an ugestréckt ginn. Déi zwee Vëloen op de Fotoe sinn iwweregens E-Bike, déi d’Gemeng d’lescht Joer kaaft huet. Et sinn also nei Vëlosstänner installéiert ginn a keng Clôturen oder Barrièren fir eppes ze spären oder ofzetrennen.

****

Dans le cadre de la mobilité douce, qui est de plus en plus promue, la commune de Beaufort a installé sur six différents places des parkings à vélos. Depuis un certain temps les responsables de la commune élaborent ensemble avec la « Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ » (LVI) un concept vélo communal ainsi qu’une liaison au réseau cyclable national.

C’est sur recommandation de la LVI que la commune a mis en place ces parkings à vélo à l’acier inoxydable. A première vue ces arceaux avec barre n’ont rien avec les parkings à vélo classiques qui entretemps ont un très grand désavantage. Certains parlent même d’un « tueur de jantes ». De nos jours les vélos sont plus grands et se composent d’un matériel sensible comme par exemple le carbone. A cause du centre de gravité déplacé ça arrive régulièrement que les vélos tombent et endommagent les jantes. Les nouveaux parkings de vélos permettent de poser doucement les vélos sur les deux côtés des arceaux. Les vélos sur les photos sont d’ailleurs des e-bike, que la commune a acheté l’année dernière. Les nouvelles installations sont par conséquent des parkings à vélo et non des barrières ou clôtures pour barrer ou séparer quelque chose.


Tëschen der Gemeng an der Kierch / Entre la maison communale et l'église


Beim Bushaischen an der Härewiss / L'arrêt de bus dans la Härewiss


Bei der Entrée vun der Maison du Parc (Theishaus) / A l'entrée de la Maison du Parc (maison Theis)


Virum regionalen Office social an de Beeforter Guiden a Scouten / Devant l'office social régional et les "Guiden a Scouten" de Beaufort


An der Géigend vun der Apdikt beim Foussgängeriwwergank / Près de la pharmacie et le passage à piétons


Tëschen dem Bäcker an dem Kiosk / Entre la boulangerie et le kiosque