Evènement

Chrëschtmaart

Date de création
-
Catégorie
Kummelsbau
Organisateur
Guiden a Scouten
Téléphone

Déi Beeforter Guiden a Scoute freeë sech scho fir déi fënnefte Kéier selwer gebastelte Chrëschtsaachen ze presentéieren. D’Wëllef, d’Avex an d’Carapio hu sech rëm vill Gedanke gemaach fir nieft den Adventsbûchen och aner flott Holzsaachen an Adventsdekoratiounen unzebidden.

Fir Gedrénks an e Maufel ze iessen ass natierlech och beschtens gesuergt: Sief et de Wanter-BBQ, d’Wafelen oder e Stéck Kuch, si hunn un alles geduecht. An de Glühwäin dierf natierlech och net feelen.

Nei dëst Joer sinn d’Auerzäiten: et kann ee schonns fir d’Mëttegiesse bei si luussen. Si si vun 11 bis 17 Auer do.