Actualité

Jean-Luc Nosbusch als Schäffe vereedegt

Haut am Nomëtteg gouf de Jean-Luc Nosbusch als neie Schäffe vun der Gemeng Beefort vun der Inneministesch Taina Bofferding am Inneministère vereedegt. Hien ass den Nofolger vum Lily Scholtes, dat op den 1. September dëst Joer als Schäffen zeréckgetrueden ass. An der Gemengerotssëtzung vum 11. September gouf dunn de Jean-Luc Nosbusch als neie Schäffen désignéiert.

Bis déi heiteg Vereedegung hat d’Lily Scholtes d’Funktioun als Schäffen weider ausgeübt. Si bleift awer dem Gemengerot als Member weiderhin erhalen.