Evènement

Nationale Gedenkdag

Date de création
-
Catégorie
Eglise
Téléphone
Den Nationale Gedenkdag erënnert all Joer un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek während der Occupatioun an der schwéierer Zäit vun 1940 bis 1945. Zu Beefort ass dëst Joer den Nationale Gedenkdag e
Sonndeg, den 13. Oktober.
 
Ëm 9 Auer gëtt eng Mass an der Porkierch zelebréiert an uschléissend gëtt eng Gerbe beim Monument aux Morts (nieft der Kierch) néiergeluecht.
De Schäfferot invitéiert all Leit aus der Gemeng Beefort a Beeforter Veräiner un dëser Manifestatioun deelzehuelen.
 
Beefort, den 1. Oktober 2019
De Schäfferot
Camille Hoffmann     Lily Scholtes      Emile Wies
 
PS: Et soll ee sech och den 21. Dezember virmierken. Am Laf vum Moien erënnert de “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” mat enger “Night Vigil” un den Ufank vun der Rundstedoffensiv viru 75 Joer (16. Dezember 1944).