Actualité

Een neie Minibus fir de Schoultransport

Gëschter am fréie Nomëtteg gouf den neie Minibus geliwwert. Den neie Mercedes-Benz Sprinter 316 CDI Tourer L2 RWD wäert deemnächst ee vun de Gefierer ersetzen, déi fir de Schoultransport am Asaz sinn. D’Sécherheets an Assistenzsystemer sinn op dem aktuelle Stand vun der Technik a vill Systemer, déi bis elo den Autoe virenthale woren, kommen hei och zum Asaz. D’Motorleeschtung vun 120 kW (163 PS) gëtt mat engem automatescher Getriebe op d’Rieder iwwerdroen.

Am Ganzen hunn am Minibus néng Leit Plaz: vir fir de Chauffer an de Beifahrer, zwou Reie mat zwou Plazen an déi lescht Rei mat dräi Plaz. Duerch dës Sëtzuerdnung huet ee vill méi Plaz fir eran- an erauszeklammen. D’Dire ginn automatesch op an zou an hei brauch een nëmmen ee Knäppchen ze drécken. Ee weidere Plus ass eng automatesch Stuf. Den zousätzlechen Träpplek erméiglecht net nëmmen de Kanner ee méi einfacht eran- an erausklammen. Och den eelere Matbierger a Leit mat beschränkter Mobilitéit kënnt dësen Träpplek entgéint.           

Des Weidere gëtt et eng hallefautomatesch Klimaanlag mat enger Dachklima hannen am Gefier. Dat erméiglecht, datt am ganze Minibus iwwerall déi nämmlecht Temperatur geregelt gëtt. Ee weidere Konfort fir jiddereen, dee matfiert.

Zousätzlech gëtt eng hannen eng 360-Grad-Kamera an doduercher huet de Chauffer ee kompletten Iwwerbléck beim hannerzech fueren.

D’Kanner musse sech nach ee bësse gedëllege bis dëse moderne Minibus, dee ronn 50.000 Euro kascht, an den Asaz kënnt. Et bleift ze hoffen, datt jiddereen, dee matfiert, op dëst Gefier oppasst fir kënne sou laang wéi méiglech dovunner ze profitéieren.