Actualité

Jean-Luc Nosbusch als neie Schäffen désignéiert

Uganks August huet déi éischt Schäffin Lily Scholtes hir Demissioun als Schäffin op den 1. September 2019 eragereecht an déi gouf vun der Inneministesch Taina Bofferding den 19. August ugeholl an arrêtéiert. No der Demissioun als Schäffin wäert d’Lily Scholtes allerdéngs weiderhin am Gemengerot bleiwen.

An der Gemengerotssëtzung vun haut den Owend hu sech dräi Kandidate fir de Poste vum Schäffe gemellt: Marie-Ange Marson, Jean-Luc Nosbusch a Jean-Paul Stirn. An enger Geheimwal hunn déi aacht Leit aus dem Gemengerot (Cindy Pereira huet entschëllegt gefeelt) folgend Stëmme verginn: Marie-Ange Marson 1, Jean-Luc Nosbusch 5 a Jean-Paul Stirn 2. Eng Majoritéit vu fënnef Stëmme war néideg fir gewielt ze ginn an déi huet de Jean-Luc Nosbusch erreecht. Am anere Fall wier dëse Punkt op déi nächst Sëtzung verluegt.

Zur Informatioun nach eng Kéier d'Resultat vun de leschte Gemengewalen am Oktober 2017: Camille Hoffmann, 612 Stëmmen; Emile Wies, 471 Stëmmen; Lily Scholtes, 470 Stëmmen; Cindy Pereira, 465 Stëmmen; Jean-Luc Nosbusch, 440 Stëmmen; Jean-Paul Stirn, 390 Stëmmen; Andreza Sanguessuga Nene, 347 Stëmmen; Marie-Ange Marson, 326 Stëmmen; Sandra Levy, 253 Stëmmen; Denis Vazzoler, 247 Stëmmen.

Bis de Jean-Luc Nosbusch als neie Schäffe vun der Inneministesch vereedegt gëtt, bleift Lily Scholtes nach weiderhi Schäffin. An der Sëtzung huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann dem Lily Scholtes, dat zanter iwwer 30 Joer an der Gemengepolitik aktiv ass, Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht. Lily Scholtes gehéiert zanter dem 1. Januar 1988 dem Gemengerot un an et war aacht Joer laang Schäffin.

Fir de Gemengesekretär Georges Rischette war et den Owend déi lescht Gemengerotssëtzung. Nodeems hien den 1. September 1982 hei op der Gemeng ugefaangen huet mat Schaffen ass iwwermuer Freideg, den 13. September, fir hien no 37 Joer de leschte Schaffdag op der Gemeng. Den 1. Juni 2020 geet hien an d’wuelverdéngte Pensioun a bis dohinner genéisst hien säi Congé.