Actualité

Ee Chantier ass keng Spillplaz

Gutt Wieder a Vakanz. Fir d’Kanner ass dat eng gutt Kombinatioun fir de ganzen Dag dobaussen ze sinn a mat Frënn a Kollegen am Duerf eng flott Zäit ze verbréngen. Dat kann doheem,  op enger Spillplaz, an der Schwämm, op ee vun de Multisports-Terrainen oder einfach an der Natur an am Bësch sinn. Allerdéngs eegent sech ee Chantier op kee Fall als Spillplaz an dat muss een nach eng Kéier däitlech ënnersträiche well eng Rei Kanner sech net drun halen. Obwuel de Chantier no de Virschrëften mat Gitteren zou ass, gesäit ee regelméisseg Kanner um Chantier spillen an zwar besonnesch um Bau vun der neier Spillschoul a Maison Relais. D’Eltere sollen et net op déi liicht Schëller huelen an dat net nëmme wéinst der Sécherheet vun hire Kanner. Si sinn och haftbar fir dat, wat hir Kanner do stiichten a musse fir de Schued opkommen, deen dobäi entsteet.

****

Beau temps et vacances sont des parfaites conditions pour que les enfants jouent dehors avec leurs copains : soit à la maison, une aire de jeux, à la piscine, sur un des terrains multisports ou tout simplement dans la nature et forêt. Cependant un chantier n’est pas une aire de jeux et ça il le faut souligner très fortement. Des enfants jouent régulièrement sur des chantiers et ceci surtout sur le chantier de la nouvelle école avec maison relais. Même quand le chantier est fermé conformément aux instructions. Les parents doivent être conscients qu’est-ce que leurs enfants font dans leur temps libre. Ce sont eux qui sont responsables de leurs enfants sur un lieu interdit et également en cas d’endommagement sur le chantier.