Actualité

Een neie Waasserbasseng

Zu Beefort op der Heed entsteet een neie Waasserbasseng mat dräi Cuve vu jeeweils 400 Kubikmeter. Zwou Cuve si fir Beefort bestëmmt an eng fir een interkommunale Projet, bei deem eng komplett nei Waasserleitung vum Cloosbierg zu Dillingen iwwer Beefort, Reisduerf a Bettenduerf op Dikrech geluecht gëtt. Dëse Waasserbasseng vun iwwer dräi Milliounen Euro ass ee Puzzlestéck an der laangfristeger Planung fir an der Gemeng Beefort ee gemeinsamt, zesummenhängend an onofhängegt Waassernetz ze hunn. Aktuell kritt Beefort säi Waasser aus dem Mëllerdall.


Um Cloosbierg gëtt zur Zäit eng modern Waasseropbereedungsanlag (Devis 719.550 Euro) gebaut, déi nach dëst Joer soll fäerdeg ginn. Vun hei aus sollen an Zukunft de Grondhaff an Déiljen mat dësem Waasser beliwwert ginn. Anengems ginn och nei Leitungen geluecht fir déi al an altersschwaach Eternit-Leitung ze ersetzen. Si ass immens empfindlech op Drockschwankungen an doduercher kënnt et regelméisseg zu Rëss a Fuiten. Dës Aarbechte ginn nach virum Congé collectif ausgeschriwwen an et hofft een, datt se an engem gudde Joer ofgeschloss sinn.


Weider Informatiounen zum Waasserreseau an der Gemeng Beefort ginn et an der aktueller Ausgab vum De Beeforter op de Säite 6 bis 11.