Actualité

Zwee Projeten belount

No der Zertifizéierung am Kader vum Klimapakt-Dag zu Esch gouf d’Gemeng Beefort den Dag drop zu Gréiwemaacher nach eng Kéier ausgezeechent.

Si krut zweemol de “Prix nova naturstroum 2018” iwwerreecht. De Jury huet de “Projet didactique: présentation d’un atelier de sensibilisation sur l’énérgie” an d’Realisatioun vum Solakadaster ausgewielt. Aus den Hänn vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an dem Claude Simon vun Enovos huet de Marc Rodesch, Responsabele vum Service technique, d’Präisser entgéintgeholl.


D’Asbl “fonds nova naturstroum” setzt sech zesummen aus natur&ëmwelt asbl, energieagence an Enovos zesummen. Weider Informatioune ginn et um Internetsite www.fnn.lu. Nom offiziellen Deel kruten d’Lauréaten d’Kläranlag gewisen an erkläert, déi och priméiert gouf a wou de Festakt iwwert d’Bühn gaangen ass.