Ganz gutt besicht war gëschter Owend eng
Informatiounsversammlung iwwert de zukünftege Règlement grand-ducal zum
Quelleschutz vum Drénkwaasser um Gebitt vun de Gemenge Beefort a
Reisduerf an der Maison du Parc (Theis Haus). Betraff sinn d’Quelle
Grondhaff, Cloosbierg 1, Cloosbierg 2, Cloosbierg 3, Dillingen 1,
Dillingen 2, Dillingen 3, Dillingen 4, Dillingen 5, Dillingen 6 an
Dillingen 7. Un dëser Versammlung huet och d’Ëmweltministesch Carole
Dieschbourg deelgeholl.
De Buergermeeschter Camille Hoffmann ass kuerz op d’Geschicht vun de
betraffene Quellen agaangen. Am Joer 1924 goufen d’Quellen Dillingen 1
bis 7 un d’Stad Dikrech verkaaft an déi ginn nach haut vun hinne
benotzt. Aus deem Gronn ware Vertrieder vum Dikrecher Schäffen- a
Gemengerot un der Informatiounsversammlung präsent. D’Qualitéit vum
Waasser ass immens wichteg a well verschidde Quellen net déi néideg
Waasserqualitéit hunn gi se net benotzt. An enger aktiver Quell ass de
Wäert vum Métolachlore-ESA (Herbizid) liicht ze héich an duerch
eng Ausnamereegelung kann aus dëser Quell weiderhi Waasser geholl ginn
awer och nëmme well Géigemoossnamen ënnerholl ginn an esou keng Gefor
fir d’Gesondheet duerstellen.
No dëser kuerzer Begréissung huet d’Carole Dieschbourg an enger
allgemenger Aleedung de Wäert vum Waasser erkläert. Bei der
Waasserversuergung funktionéiert dës Regioun autonom a gläichzäiteg gouf
een Opruff gemeet fir mam Waasser spuersam ëmzegoen. Nëmmen dräi
Prozent vun de Baachen zu Lëtzebuerg sinn an engem gudde Zoustand a
wéinst der schlechter Waasserqualitéit vun de Quelle kann ee Waasser fir
eng 50.000 Leit pro Dag net benotzen. “Vorbeugen ist besser als heilen”
an ënnert deem Motto ass de zukünftege Règlement grand-ducal zum
Quelleschutz vum Drénkwaasser ze verstoen well am Endeffekt gëtt et méi
bëlleg virzesuergen ewéi duerno déi sämtlech Moossname fir eng anstänneg
Waasserqualitéit ze hunn.
Wéi de zukünftege Règlement grand-ducal zu dësem Sujet ausgesäit huet den Tom Schaul vun der Administration de la gestion de l'eau virgestallt. Et gi véier verschidde Zonen wat de Waasserschutz ubelaangt a vun de fënnef Etappe bis zur Realiséierung vum Projet si mer aktuell op der drëtter Etapp. Déi
komplett Powerpoint-Presentatioun ass hei online an och d'Andeelunge sinn op Geoportail beim Layout Waasser (Drénkwaasserschutzzonen) ze gesinn.
No enger kuerzer Froeronn war d'Informatiounsversammlung no eng zwou Stonnen eriwwer an am klenge Krees gouf nach weider diskutéiert.