Evènement

Mam Velo duerch d'Regioun Mëllerdall

Date de création
-
Catégorie
Téléphone

E Sonndeg, de 16. September, ass am Mëllerdall déi éischt Editioun vu "Mam Vëlo duerch d'Regioun Mëllerdall". Vu moies 10 bis owes 18 Auer geet et 30 Kilometer iwwer Vëlospisten a gespaarte Stroossen. Depart an Arrivée sinn op der Heringer Millen.

Gebuede gëtt och Animatioun fir déi ganz Famill ewéi zum Beispill mam BMX-Weltmeeschter Viky Gomez an de Bridder Schleck, déi beim Vëlosparcours fir Kanner am Asaz sinn. D'Police ass och vertrueden a bei hinne kann ee säi Vëlo kodéiere loossen.

Weider Informatioune ginn et um Internetsite www.mullerthal.lu. Dëst ass eng Initiative vum Wirtschaftsministère fir d’Promotioun vum Vëlostourismus.

Zum Schluss nach eng wichteg Informatioun fir d'Automobilisten. Vun 9 bis 19 Auer sinn eng Reih Stroosse fir de Verkéier gespaart (ausser fir d'Velosfuerer):

- Breidweiler-Bréck - Konsdref
- Mëllerdall - Grondhaff
- Mëllerdall - Konsdref
- Beefort - Vugelsmillen

Des Weidere ginn et op verschidde Strecke Geschwindegkeetsbeschränken an dat komplett Reglement kann een an dësem Dokument noliesen a grad esou ewéi d'Invitatioun an de Plang:
RèglementVelosdag.pdf
Invitation_Vëlosdag.pdf
Velosdag.pdf