Actualité

Muster vun enger Musterplanung

Mëtt 2011 gouf ugefaange mam Plangen, November 2016 mam Bauen an de leschten Donneschdeg ageweit: den neie Centre d’incendie et de secours. Et ass iwwregens de véierte Pompjeesbau an der Geschicht vun dem am Joer 1881 gegrënnte Pompjeescorps.

Et war ganz waarm den Dag, den 28. Juni 2018, ewéi kuerz op hallwer fënnef am Nomëtteg den Inneminister Dan Kersch bäigefuer ass. Deputéiert, Buergermeeschteren a Gemengevertrieder aus de Gemengen aus der Géigend, Pompjeeë aus den Nopeschcorpsen a Vertrieder vun de lokale Veräiner hunn drop gewaart, datt den neie Bijou an der Gemeng ageweit gëtt.


No enger kuerzer Begréissung vum Buergermeeschter Camille Hoffmann huet den Architekt Uwe Kramer d’Detailer zum Projet ginn. D’Haaptgebai mat Hal huet eng Héicht vun 7,10 Meter, ass 32,45 Meter laang an 18,57 Meter breet. D’Konstruktioun ass eng “Holzständerbauweise mit Brettsperrholzdecken” an d’Fassade eng “vorgehängte hinterlüftete Fassade aus durchgefärbten Fasarzmenttafeln”. Véier Pompjeesween hunn an der Garage Plaz an nieft engem Atelier sinn nach ënnerbruecht: eng Wäschhal, Persounelift, Vestiaire fir Hären an Dammen an een Openthaltsraum mat Kichen. Um éischte Stack befanne sech de Büro, ee Raum fir d’Jugendpompjeeën an ee Schulungsraum. Des Weidere gëtt et ee Schlauch- an Übungstuerm, deen 12,85 Meter héich, 6,25 Meter laang a 3,96 Meter breet ass. D’Gebai huet Energieeffizienzklasse A a Wärmeschutzklasse B. Op den Dag kënnt nach eng Fotovoltaikanlag.


A senger Funktioun als Kommandant ass et fir den Alex Pereira den drëtte Pompjeesbau, deen ageweit gëtt. Den éischte Pompjeesbau huet vun 1881 bis 1981, den zweete vu 1981 bis 1996 an den drëtte vun 1996 bis 2018 gedéngt. Des Weideren ass hien och op d’Geschicht vun de Beeforter Pompjeeën agaangen, déi aktuell eng 50 Leit zielt. Et wier ee besonneschen Dag well net nëmmen den neie Centre d’incendie et de secours ageweit gëtt mais och zwee Gefier ginn offiziell an den Déngscht geholl: een MTW an ee First-Responder-Rettungswon. Bei dëser Geleeënheet huet hien drop higewisen, datt zwee Gefierer relativ laang am Asaz sinn. Sou zum Beispill staamt den TLF aus dem Joer 1995 an de selwer finanzéierte Pickup aus dem Joer 1996.


Uschléissend huet de Paschtouer Carlo Morbach de Seegen erofgeruff an eigentlech sollt de Buergermeeschter Camille Hoffmann den nächste Riedner sinn mais d’Pompjeeskipp hat eng Iwwerraschung fir hire Kommandant parat: Virum Pompjeesbau gouf am Virfeld ee Bam geplanzt an do kënnt elo eng Plack stoen, wou folgende Saz dropsteet: “Ee grousse Merci un den Alex Pereira, deen zanter 1991 als eise Kommandant am Déngscht fir d’Bierger aus Beefort am Asaz ass”. Ebenfalls zu Éiere koum de Jos Funk, deen a senger Fräizäit déi al Pompel aus dem Joer 1900 restauréiert huet.


No dëser Iwwerraschung ass de Camille Hoffmann op déi verschidden Etappe an d’Zuele vum Bau vum Pompjeesbau agaangen. Den Devis définitif beleeft sech op 2.578.000 Euro an nom Devis supplémentaire kascht de Bau 2.812.117 Euro, TVA inclus. Déi lescht Aarbechte gi lo am Juli fäerdeg. Et ass iwwregens de leschte Pompjeesbau, dee virun der Pompjeesreform (CGDIS) den 1. Juli 2018 ageweit gëtt. Genau wéi den Alex Pereira op den Alter vun de zwee Gefierer agaangen ass huet de Camille Hoffmann a senger Ried un déi zwee Oldtimeren erënnert. Ofschléissend krut de Minister Merci gesot fir säin Asaz bei der rezenter Katastrof am Mëllerdall an um Grondhaff.


No der Naturkatastrof am Ufank vum Mount wier et lo fir den Inneminister Dan Kersch ee flotte Moment. Gläichzäiteg war dat et och eng Zort Generalprouf fir de CGDIS an et huet alles geklappt. Effektiv ass dës Aweiung déi lescht am ale System an och an Zukunft gehéieren d’fräiwëlleg Pompjeeën zum Réckgrat vum Rettungswiesen. Et braucht ee se méi wéi jee a si wäerten nach méi ënnerstëtzt ginn. Nëmme Komplimenter goufen et fir den neie Bau, deen an de Käpp entstanen ass. D’Gréisst ass net iwwerdriwwen an de Bau huet alles wat ee braucht. Hie wier houfreg op dëst nei Gebai well et ass ee Muster vun enger Musterplanung, ee Gerüst fir déi aner Gemengen.


Nom engem Rondgang duerch den neie Centre d’incendie et de secours hunn d’Pompjeeën hir Kloterfähegkeete bewisen an eng flott Übung virgedroen. Zwee Deeg méi spéit gouf eng Porte ouverte organiséiert an hei hunn d’Jugendpompjeeën hir d’Kënne virgestallt.

 

Leider ginn et Problemer mam Modul "Album" an dowéinst ass et nach nit méiglech déi ganz Galerie online ze setzen. Soubal dës Funktioun rëm geet kënnt de Rescht vun de Fotoen no.