Präsenzen (8/9): Camille Hoffmann (Buergermeeschter); Lily Scholtes an
Emile Wies (Schäffen); Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Jean-Luc
Nosbusch, Marie-Ange Marson a Sandra Levy (Gemengeréit).
Absence: Cindy Pereira.
Georges Rischette (Gemengesekretär).

1. An der Budgetssëtzung vum 13.
Dezember 2017 gouf et schonns ugekënnegt an elo gestëmmt.
D’Gemengepersonal kritt mam Hubert Sauber (technesche Service) a Josip
Nerancic (Coordinateur de communication an Administratioun)
Verstäerkung.
Zu de Matdeelunge vum Schäfferot goufen
ugeschwat: eng Réunioun mam Klimapaktteam, eng Iwwerraschungsvisite zu
Arrêches bei d’Beeforter Schnéiklass, Beem beim Terrain vun der
Kläranlag an d’Sich no engem Sall, wou een eng Maquette vum Naturpark
Mëllerdall ënnerbrénge kann.
2. De Klimaberoder Thomas Schlicher vum Planungsbüro CO3 huet d’Leitbild kommunaler Klimaschutz virgestallt.
Hei ass d’Virlag vum Dokument, iwwert déi geschwat gouf an déi verbessert Versioun kënnt an den nächsten “De Beeforter” stoen.
3. Den Total beleeft sech op 835.661,61
Euro an de gréissten Deel (808.121 Euro) sinn d’Recettes du Fonds de
dotation globale des communes.
4. De Boni aus dem Joer 2014 beleeft
sech op 3.785.522,16 Euro an am Joer goufen et Recettes ordinaires an
der Héicht vu 6.946.569,25 Euro a Recettes extraordinaires v 672.391,60
Euro. Dat mécht een Total vun 11.404.483,01 Euro. Géigeniwwer stinn
Dépenses ordinaires vu 5.481.883,85 Euro an Dépenses extraordinaires vun
1.994.677,00 Euro. De Gesamttotal vun den Dépense beleeft sech op
7.476.560,85 Euro a mat de Recette verrechent bleiwen ënnert dem Strich
3.927.922,16 Euro als Boni fir d’Joer iwwereg.
5. D’Konventioun mat Beaufort Lotissement s.a. betrëfft déi zweet Phase vum PAP op der Heed.
6. Sämtlech Spillplazen an der Gemeng
erfëllen net méi de Sécherheetsnormen an dowéinst ass de Forum pour
l’Emploi beoptraagt gi fir d’Spillplazen nei anzeriichten a se ze
ënnerhalen.
7. Bei den zwou notariellen Akten
handelt sech ëm de Kaf vun engem Terrain (auf der Goldbruch) vu sechs Ar
an der Gréngzone zu Déiljen an ëm Lotissement bei der Kapell/route de
Grundhof.
8. Den Total vun den Emprise beleeft sech op ongeféier een Ar.
9. Ee Deel vum Kinnewee ass an engem schlechten Zoustand an déi 175 Meter Wee gi fir 39.250 Euro erneiert.
10. Den Devis beleeft sech op 256.230 Euro.
11. Déi Bauofrechnunge bezéie sech op
den Terrain multisports (Ministade) an d’Annexe vun der Sportshal. Am
éischte Fall beleeft sech den Total des devis approuvés op 110.002,51
Euro an den Total de la dépense effective op 93.859,64 Euro. Bei der
Annexe sinn et 2.279.171,46 Euro fir den Devis an 2.443.892,95 Euro fir
d’Dépensen.
12. De Bilan a Personalchangementer vum regionale Sozialamt goufe ratifizéiert.
13. Éier et zu der Wiel vun de Membere
vun de Kommissioune komm ass, gouf fir d’éischt d’intern Reglement
geännert an zwar wat d’Zuel vun de Memberen ubelaangt. De Maximum ass vu
siwe Memberen op néng Membere gehéicht ginn. De Minimum bleift bei
fënnef Memberen. D’Schoulkommissioun ass gesetzlech gereegelt an nieft
de véier gewielte Membere kommen nach Vertrieder vum Léierpersonal an
der Elterevereenegung bäi. D’Präsidentin vun der Schoulkommissioun ass
iwwregens Lily Scholtes.
De Vote vun de Membere war geheim a fir
eranzekommen huet ee misste mat enger Majoritéit, an dësem Fall fënnef
Stëmmen, gewielt ginn.
Folgend Leit hu sech fir an d’berodend Kommissioune gemellt (a Klammeren d’Zuel vun de Stëmmen):
* Commission scolaire: Tanja Weis (8), Claudia Diogenici épouse Cruchten
(0), Carole Schaffner épouse Bintener (8), Carine Bentz (0), Mireille
(Milli) Weber (8), Daniel Noé (0) a Sandra Levy épouse Drouet (8).
* Commission consultative communale
d’intégration: Marie-Ange Marson épouse Ivelj (8), Sonia De Jesus Vieira
épouse Dias Da Silva (8), Camille Brandenburger (7), Emmanuel
Letourneur (7), Lurdes Pereira épouse Sauber (8) an Andreza Sanguessuga
Néné épouse Meester (8).
* Commission de la culture: Thomas
Fellerich (8), Monique Brandenburger (8), Eric Feront (3), Andreza
Sanguessuga Néné épouse Meester (7), Monique Link (6), Margot Flammang
(7), Liette Riehl (6), Hubert Sauber (5), Jean-Luc Nosbusch (8).
* Commission du troisième âge: Léonie
Theis épouse Switala (8), Marie-Ange Marson épouse Ivelj (8), Lou Lorang
épouse Brandenburger (6), Olga Schackmann épouse Friedrich (8),
Georgette Arent (7).
Wéinst Mangel u Kandidate ginn dës dräi Kommissiounen nit besat an et gouf sech gëeenegt fir keen zweeten Opruff ze maachen:
* Commission de la jeunesse et des sports: Claude Weydert an Thomas Fellerich.
* Commission de l’environnement: Eric Feront, Claude Weydert a Steve Rippinger.
* Commission des bâtisses: Cindy Pereira épouse Donneaux, Steve Rippinger.
Ënner Verschiddenes goufen diskutéiert:
eng Visite vun der Äispist iwwert d’Situatioun vun der Phase 1 vum
Ëmbau, eng Versammlung zum Quelleschutz de 6. Mäerz ëm 19 Auer, eng
Réunioun iwwert de potentiellen an neie Site vun der Bëschcrèche, ee
Camion, deen nuets um Trottoir an der Rue du Château parkt a
schliisslech den aktuelle Stand a Projet vum Art in Beaufort 2018 a
weider Manifestatioune vun de Beeforter Schlassfrënn.
Déi nächst Sëtzung gouf op en Dënschdeg,
den 13. Mäerz, ëm 19.30 Auer festgeluecht an no véier Stonne gouf
d’Sëtzung ëm 23.30 Auer opgehuewen.