Präsenzen (9/9): Camille Hoffmann
(Buergermeeschter); Lily Scholtes an Emile Wies (Schäffen); Andreza
Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Cindy Pereira, Jean-Luc Nosbusch,
Marie-Ange Marson a Sandra Levy (Gemengeréit).
Georges Rischette (Gemengesekretär).
Matdeelunge vum Schäfferot: Beim
Dussier-Haus wäert ee Kraidergaart entstoen, d’Agence mobile vun der
Spuerkeess ass lo all Dënschdeg vun 9.30 bis 11 Auer beim Kiosk zu
Beefort, ënnen an de Sall vun der fréierer Jugendherberge kënnt eng
Maquette vum Geopark Mëllerdall stoen a bis Enn dëses Joer ass eng
Léisung fonnt ginn wat de Late Night Bus Mëllerdall betrëfft, deen elo
vum Naturpark Mëllerdall assuréiert gëtt.
Sämtlech Decisioune goufen eestëmmeg ugeholl.
1. Den Total beleeft sech op 420.836,58 Euro an dee kënnt zum gréissten Deel aus de Waasser- a Kanaltaxen.
2. De Bail betrëfft d’Gemeng an den Office social regional, dee sech op enger neier Adress befënnt (al Jugendherberg).
3. Den Devis fir d’Erneierung vun der Waasserleitung mat der Quell beleeft sech op 274.950 Euro.
4. D’Senioreresidenz Petite Suisse läit
an enger Zone logement encadré a fir weider Aktivitéiten op dësem Areal
ze erlaben gouf dëse Beräich vum Bebauungsplang deementspriechend
ugepasst. Erlaabt sinn elo och “activités de commerce, des services
administratifs ou professionnels et des crèches”.
5. De Lotissementsplang gesäit am Ganze fënnef Haiser vir: zwee Duebelhaiser an een Eenzelhaus.
6. Folgend Décisioune vum regionale
Sozialamt goufe ratifizéiert: den aktuellen Tableau de préséance
(Christian Friden (Bech), Jean Ries (Konsdrëf), Raymond Serres
(Reisdorf), Marc Reckinger (Beefort) a Charles Bingen (Baërdref)).
President bleift de Marc Reckinger. Des Weidere gouf et eng budgetär
Modifikatioun am Joer 2017 (Transfert de crédit) an de Budget de
l’excercice 2018 ass gestëmmt ginn (895.820 Euro). Liane Meyers ersetzt
d’Pia Delli Zotti als Receveuse.
7. D’Statute vun de “4 Running Paws”,
déi den 20. Februar 2015 gegrënnt goufen an elo hire Sëtz hei zu Beefort
hunn, goufen zur Kenntnis geholl.
8. Ee Subsid ass fir d’Amicale Beaufort
fir d’Organisatioun vum Schlassfest am Juli an dee beleeft sech op 1.500
Euro. Eng weider finanziell Ënnerstëtzung geet un d’Association
internationale des Beaufort an déi ass an der Héicht vu 560,20 Euro.
D’Zomm setzt sech zesummen aus 20 Cent mol d’Awunnerzuel (2.801).
Ënner Verschiddenes gouf iwwert den
Décompte 2017 vun den Dotatioune geschwat an d’Cotisatioun fir
d’Iechternacher Museksschoul, déi aus Beeforter Siicht drastesch
erhéicht solle ginn.
D’Sëtzung gouf um 20.38 Auer opgehuewen.