Actualité

Drénkwasserproblem zu Déiljen

D’Ursaach fir déi schlecht Waasserqualitéit zu Déiljen an um Cloosbierg schéngt fonnt ze sinn. Duerch de Schloreen de leschte Weekend goufen um Cloosbierg no bei de Quelle Beem entwuerzelt a si hunn ee grousst Lach opgemeet. Doduercher kënnt d’Reewaasser praktesch ongefiltert an d’Anzuchsgebitt vun de Quellen an esou an den Drénkwaassersystem.

Dëse Beräich ass schwéier zougänglech a befënnt sech och nach an engem Naturschutzgebitt. Aktuell gëtt u Géigemoossname geschafft.

Zwou Fotoe vun der Plaz (an der éischter Versioun goufen déi falsch Fotoen publizéiert):