Actualité

Aarbechten um Computernetzwierk

​Wéinst Aarbechten um Computernetzwierk si verschidden Déngschter vun der Gemeng beschränkt. Betraff sinn den Etat civil, de Populatiounsbüro an d'Recette an dat muer Mëttwoch, den 12. September, an de Mëttwoch drop, den 19. September, all Kéiers ab 19 Auer. D'Büroe bleiwen awer ewéi mëttwochs gewinnt bis 20 Auer op.